Wertvoll Belgeedung an Erfarung
Ech sinn immens dankbar, datt ech d'Méiglechkeet hat, eng Sessioun beim Catalina ze erliewen. Vun der éischter Minutt un hunn ech mech sécher, ugeholl a mat vill Respekt begleet gefillt.
Catalina huet eng ganz besonnesch Aart, de Mënsch wierklech ze gesinn an en do ofzehuelen, wou en am Liewe steet. Mat vill Empathie, Intuitioun a Professionalitéit huet si mech duerch de Prozess gefouert. Wärend der ganzer Sessioun hunn ech gemierkt, wéi vill Rou, Kloerheet a Vertrauen sech a mir ausgebreet hunn.
Wat mech besonnesch beandrockt huet, ass hir aussergewéinlech Fäegkeet, immens vill wäertvoll a fein ofgestëmmte spirituell Messagë weiderzeginn. Dës Messagen hu mir net nëmme vill Kloerheet iwwer meng aktuell Liewenssituatioun bruecht, mee och nei Perspektiven an e méi déift Versteesdemech fir mäi Wee. Vill dovun huet nach laang no der Sessioun a mir nogewierkt an hëlleft mir, verschidde Situatiounen haut mat aneren Aen ze gesinn.
Besonnesch schätzen ech och hir authentesch, häerzlech Aart. Et gëtt een ni bewäert, mee ëmmer verstanen, gedroen a mat vill Wäertschätzung begleet. Beim Catalina spiert een, datt si hir Aarbecht mat vill Häerz, Éierlechkeet an enger déiwer Verbindung ausübt.
Ech kann d' Catalina vu ganzem Häerz weiderempfeelen un all Mënsch, deen sech selwer besser kenneléiere wëll, no Orientéierung sicht oder sech op sengem perséinlechen a spirituelle Wee begleede loosse wëll. Hir Sessioun war fir mech eng immens wäertvoll Erfarung, déi ech net méi wëll vermëssen.
Merci vu ganzem Häerzen fir dës aussergewéinlech Begleedung.
Nicole
24 April 2026
Unprompted review